"Swingin' Castle" - Deel 2 (9.11.19)
E Samschdeg den 09.11.2019 gouf et den zweeten Deel vu "Swingin' Castle" vun der "Northern Big Band feat. Christine Heitz" an als special guest den Trompettist Raoul Christophe am gutt gefëllte Centre culturel zu Useldeng.
D'Dänzer waren d'"Swing Dancers Luxembourg", déi an der Paus an nom Concert de Spectateuren ee klenge Cours am Swing ginn hunn.
Et gouf vill Applaus an 3 Zugaben.
Den nächste Concert ass den 2t. Dîner-Concert "Beim Nëssert" zu Biergem/Monnerech, Samschdeg den 01.02.2020.
Fotoe um Jang Gaspar
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.