Virstellung vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 (20.6.23)
Den Här Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an den Här Jean Ensch, President vun der Section de Linguistique, d’Ethnologie et d’Onomastique vum Institut grand-ducal, hunn häerzlech op d’Virstellung vum LËTZEBUERGER SPROOCHATLAS 1900 invitéiert.
Mat Presenz vun den Auteuren Alain Atten a Claude Schmit gouf e Méindeg am Forum Geesseknäppchen dat grousst Buch presentéiert.
D’Christiane Kremer huet duerch den Owend gefouert, dee vum Duo Orphée (Geneviève Conter, Harf, an Etienne Plasman, Flütt) musikalesch encadréiert gouf.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.