Voices International @ Philharmonie (14.6.25)
E Samschdeg hunn d'Sängerinnen an d'Sänger vu Voices International op eng musikalesch Weltrees an der Philharmonie agelueden. Iwwer 130 Persounen aus méi wéi 30 verschiddenen Natiounen zielen dozou. Begleet goufe si ausserdeem vu verschiddene Museker, déi genau sou international sinn, wéi d'Chorale selwer. E Special dëst Joer waren déi knapp 90 Schüler aus der International School vum Geesseknäppchen, déi sech fir verschidde Stécker ugeschloss hu. E weideren Highlight: fréier Schüler aus der ISL waren dës Kéier och mat vun der Partie an dat a Form vun enger Band. Als To The Roots hu si der musikalescher Begleedung e klengen Hauch vu Rock mat op de Wee ginn. Elo heescht et awer fir Voices International: weider prouwen, well deen nächste Concert ass spéitstens fir d'Chrëscht-Saison. Wien dat net verpasse wëll, kann ob www.voicesinternational.lu um neiste Stand bleiwen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.