De Kleeschen zu Gréiwemaacher (30.11.24)
De Kleesche war zu Maacher
Nodeem de Kleeschen mat der M.S. M.S. Princesse Marie-Astrid ukomm ass, gouf hien an den Houseker vum Schäffen- a Gemengerot a ville, ville Kanner um Quai begréisst. Nom Cortège zesumme mat der Maacher Musek - HMG huet hien d'Kanner um Schweinsmoart begréisst an de Kanner eng gutt gefëllten Titche ginn.
D'Gemeng seet de Maacher Geschäftsleit, dem Syndicat d'Initiative et de Tourisme Grevenmacher an de Gréiwemaacher Pompjeeën asbl fir hir Hëllef "Merci".
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.