"En Tour ronderëm d'Welt": Civitavecchia (2.5.19)
Op eiser Weltrees krute mer esou Munches ze gesinn. Mir waren iwwer 4 Méint ënnerwee an Europa, Südamerika, Nordamerika, Australien an Asien.
Civitavecchia, eis leschte Statioun op der Rees, ass den Hafe vu Roum an de gréissten Hafen an Italien. Eng schéin a propper Stad, mat gudde Restauranten, schéine Spadséierweeër an enger flotter Promenade laanscht d'Mier.
Um Donneschdeg louchen dann och ganzer 6 Croisièresschëffer am Hafen.
Fotoen: MJ
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.