"En Tour ronderëm d'Welt": Fremantle a Perth, Australien (27.3.19)
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Westaustralien ass déi Regioun, mat der gréisster Fläch awer parallel dozou mat de wéinegsten Awunner. Perth ass eng modern Staat mat neie Gebaier, enger schéine Landschaft, déi um Swan River läit. Donieft kann ee gutt vum Kings Park iwwert déi ganz Stad gesinn.
Fremantle ass eng kleng Stad e bësse ausserhalb vu Perth a gëllt och als Hafe vun der grousser Stad niewendrun. Nieft dem Hafen huet déi kleng Stad awer och eng schéin Architektur ze bidden. Op alle Fall si béid Stied eng Rees wäert.
Vum Karin krute mer dann nach e puer Fotoen, aus engem Déierepark, déi och op dëser Destinatioun louch.
Fotoen: Karin an MJ
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.