"En Tour ronderëm d'Welt": Funchal (11.1.19)
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Madeira gëllt als Insel vum éiwege Fréijoer, gréng, mat héije Klippen a Wonnerschéine Kiesstränn. Ënner anerem fënnt een hei d'Cabo Girao Klippen, déi héchste Klippen an Europa an déi zweethéchst op der Welt.
An der Stad selwer fënnt ee vill kleng Restauranten a Caféen an d'Stroossemuseker suerge fir déi richteg Vakanzenatmosphär. Och am Januar kann een hei mat engen 20 Grad rechnen.
Fotoen: mj
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.