"En Tour ronderëm d'Welt": Heraklion, Kreta (1.5.19)
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Moies ware mer Ausgruewungen op Knossos kucken a mëttes hate mer e flotten Ausfluch an d'Stad Heraklion. Mir ware positiv iwwerrascht vun der schéiner a propperer Stad, wou ganz frëndlech Leit liewen. Et ass definitiv eng Plaz, fir zeréckzegoen.
Fotoen: MJ
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.