"En Tour ronderëm d'Welt": Malediven (11.4.19)
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Fir vill Leit sinn d'Malediven d'Paradäis, an dat kann een och verstoen. Et ass eng herrlech Plaz fir z'entspanen oder och fir ze schnorchelen.
Zu Malé, der Haaptstad vun de Malediven Liewen ëm déi 150.000 Awunner, dat op 6,1 Quadratkilometer. Kuckt een dann d'Insel Malé, en Deel vun der Haaptstad, esou liewen hei knapp 100.000 Leit op 1,7 Mol 1 Kilometer (1,952 Quadratkilometer). Dëst ass déi drëtthéchsten Unzuel vu Leit pro Quadratkilometer op der ganzer Welt.
Fotoen: MJ an Ënnerwaasserfotoe vum Karin.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.