En Tuer iwwer Lëtzebuerg (1.3.21)
Well mer soss eis Ländchen zu Fouss entdecken, hu mer eis geduecht, mir géingen et och gär mol aus der Loft gesinn.
E Sonndeg war et esou wäit. Nodeems de Pabeierkrom erleedegt war, krute mer eise Badge an du goung et an den Hangar. Eise Pilot huet eis d'Route erkläert, wou et géing higoen an d'Spannung ass ëmmer méi grouss ginn.
Gestart um Findel ass et Richtung Stadbriedemus, Mäertert, Iechternach, Veianen, Mont Saint Nicolas, Klierf, Esch Sauer, iwwert de Stau erof laanscht den Härebierg, Dikrech, Ettelbréck, Colmer-Bierg, Luerenzweiler Direktioun Findel gaang. Well awer de Moment, wou mir sollte landen eng Luxair-Maschinn gestart ass, hu mir eng Schleef laanscht d'RTL City gedréint.
Vun der Pist mat iwwer 4000m hu mir der allerdéngs just knapp 500m gebraucht, fir sécher d'Rieder op de Buedem ze setzen. Heimat hu mir eis e bësse Vakanz heiheem gegonnt an et ass jidderengem zu empfeelen, well et mécht Spaass an et gesäit een nach vill méi schéi Plaze vun eisem schéine Ländchen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.