ESD Dikrech si prett fir d'Kavalkad (22.2.2020)
Fotoen an Text vum Ketty a Rom Hankes
Mir waren de Samschdeg de Mëtteg bei den ESD Diekrich kucken, wéi si am Gaang waren, hire Won anzeriichten. Den ESD huet fir 150 Joer Dikrecher Kavalkad een neie Won gemaach. Ronn 350 Stonne goufen dru geschafft, vum Plangen, Zeechnen, Design, bis den Opbau esou wéi en do elo steet, seet eis de President Sandro Dimola. 6 Tonne Séissegkeeten an 2.500 Plüsch-Iesele sinn am Won verstaut. Den ESD ass prett a freeë sech op eng flott Kavalkad an hoffen, dass de Péitruss e Sonndeg en Dikrecher ass.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.