Jack the Jamie Grill International BBQ Competition (23.2.19)
D'Lëtzebuerger Ekipp BBQ Frozen Fire, de Claude Stiefer, Jérôme Schiltz a Luc Hoffmann, war e Samschdeg bei engem internationale Grill-Event zu Bolsterlang an Däitschland am Asaz, wou si sech géint 15 aner Ekippen aus Däitschland an der Schwäiz hu misste behaapten.
Als éischte Plat huet BBQ Frozen Fire eng Pizza Calzone mat Dry Aged Beef an Tomat-Salsa-Fëllung gemaach. Dobäi gouf et e Groumpererous mat gekachter Ham an engem Wachtelee an Champignone mat enger Fëllung aus gereechertem Saumon a Scampien.
Als 2. Plaz gouf et en Äppelstrudel mat enger Fëllung aus Äppel, Korinten an Nëss an enger Vanillssauce. Dan nach Mëllechräis-"Knödel" mat enger Rubbarb-Äerdbier-Sause an zum Schluss nach e Schockelasstreisel mat Granatäppelkären.
Impressioune vun der Plaz.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.