Kulinaresch Rees vun der FLMP (23.6.21)
Fir den 50 Gebuertsdag vun der FLMP-Wanderfederatioun hate Si sech eppes anescht afalen gelooss. Eng kulinaresch Rees duerch d'Wéngerte vun Welleschten stoung um Plang. Natierlech waren déi néideg Restriktiounen den 3G-Check gouf scho virum Aschreiwe gemaach. 100 Leit hunn duerfen dobäi sinn a jiddereenwar asiichteg an huet sech un d'Mesurë vun der Santé gehalen. Kuerz no 10 konnte mer starten an d'Wieder huet eis och net am Stach gelooss. Ëmmer nees gouf op de verschiddene Plazen eng Paus gemaach, wou mir lecker lëtzebuergesch Produiten z'iessen krut natierlech huet op der Musel den passende Wäin net duerfen feelen. Alles an allem e flotten Dag op eiser wonnerschéiner Musel.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.