Originell Aktioun fir Vältesdag vun der Biergerinitiativ Gemeng Suessem (13.2.21)
D’Biergerinitiativ Gemeng Suessem setzt sech weider fir de Schutz an d’Erhale vun der Natura-2000-Zon an, an ass méi ewéi jee entschloss, juristesch Schrëtt géint de Bau vun der Ëmgeeungsstrooss ëm Käerjeng z'ënnerhuelen, wann den definitiven APD (avant projet détaillé) public gëtt.
Fir Vältesdag hu si sech eng Variant vun hirer Aktioun „Pätter oder Giedel vun engem Bam“ afale gelooss an hunn Holzhäerzer fir jonk a schonn méi laang verléifte Koppele beschrëft. Déi sinn dëse Samschdeg de Mëtteg och opgehaange ginn. Eng originell Aart a Weis, Solidaritéit mam Bësch ze weisen. D’Iddi baséiert op der Traditioun vu fréier, wou déi verléifte Koppelen, déi, wa se an de Bësch spadséiere gaangen sinn, en Häerz mat hiren Initialen an e Bamstamm geritzt hunn. Dat hat 2 Bedeitungen: Si hunn dem Bam hiert Geheimnis als éischten uvertraut. Mam Bamstamm ass dann och dat Häerz gewuess, wat och symbolesch fir d’Wuesse vun hirer Léift war. Dat ass dacks op Vältesdag geschitt. Des Iddi huet op jiddefalls vill Uklang fonnt an d’Häerzer gesinn och wierklech ganz flott aus.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.