Steve Lentz um Global Chefs Challenge zu Singapur (22.10.24)
Vum 22. bis den 25. Oktober gëtt zu Singapur dee weltwäit beschte Kach gesicht. Um Global Chefs Challenge trieden déi beschte Chefkäch a 4 Kategorië géinteneen un.
Mat dobäi ass och ee Lëtzebuerger, de Steve Lentz. Hie konnt sech an den Halleffinalle vum European Grand Prix 2023 duerchsetzen an hat sech domat fir d'Weltmeeschterschaft qualifizéiert.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.