Visitt am Legoland Däitschland (8/9/22)
Et ass net grad em den Eck, mä déi 445 Kilometer sinn et wäert, soen eis Fotografe Ketty a Rom Hankes:
D'Legoland léisst net nëmmen Kannerae blëtzen, nee och déi Grouss kommen do komplett op hir Käschten. Lego iwwerall wou een hikuckt, vun der Bréifkëscht, iwwert d'Achterbunn bis hin zu ganzen Stied, wéi mat Waasser an Gondelen zu Venedeg oder d'Speicherstad zu Hamburg oder den Eiffeltuerm... Je alles Erdenkleches am Lego.
Fir Iessen an Drénken, Spaass a Spannung ass gesuergt, a bei guddem waarme Wieder, wéi mir et haten, ass och fir eng Ofkillung gesuergt, et ginn eng ganz Partie Waasserspiller an déi eng an déi aner Waasserspillplaz ass och do.
Vun enger gewësser Gréisst u kënnen Kanner eleng op Spiller, anerwäerts kann awer och ëmmer een Erwuessene matgoen. Mir kënne just soen, mir haten op d'mannst grad esou vill Spaass wéi de klengen Mann, dee mir mat haten, a ware owes bestëmmt grad esou midd an Bett gefall, wéi hien.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.