"Young Chefs Unplugged" (22.10.21)
G 5 nennt sech d‘Organisatioun vun den däitschsproochege Länner an der Gastronomie. Kach-Verbänn, aus der Schwäiz, Éisträich, Südtiroul, Däitschland an och de Grand-Duché.
Pandemie bedéngt no engem Joer Abstinenz war viru kuerzem elo nees de „Young Chefs Unplugged“-Event zu Dornbirn.
Souzesoen e Wëssenskongress fir Schüler, déi an der Ausbildung fir Kach oder Patissier sinn, an hiren Dramjob an der Gastronomie gesinn.
Mat Schüler an Enseignanten aus dem LTB vu Bouneweg, an dem EHTL zu Dikrech, war di Lëtzebuerger Delegatioun nawell eng grouss. Fotoe vum Christian Schmit.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.