Zolwer Knappbléiser on Tour an den Dolomitten (17.8.19)
Vum 14. bis de 17. August war et nees sou wäit: d'Zolwer Knappbléiser waren fir 7. Kéier an de Südtiroul op eng Mini-Concertstournée gefuer. Mat hirer onverkennbarer béimesch-mährescher Musek am Gepäck, hu si och dëst Joer erëm fir déi passend Stëmmung gesuergt.
Offiziell stoungen 3 Concerten um Programm. Een éischten de 14. August zu Niederdorf um Musikpavillon, duerno de 15. zu Sand in Taufers um Mittsommerfest. Hei hu si moies déi Lëtzebuerger Faarwen am Ëmzuch vertrueden, éier si am spéiden Nomëtteg nach ee Concert am Festpavillon zum Beschte ginn hunn. Freides, den 16. hu si dann nach zu Pfalzen am Duerfzentrum ee leschten offizielle Concert gespillt.
Highlight vun hirer Concertsrees war de Besuch beim Fritz an Edeltraut um Würzjochpass. Zanter hirer éischter Tournée an de Südtiroul si si mat de sympathesche Wiertsleit enk verbonnen an haten et och dëst Joer net verpasst fir bis an den spéiden Owend eran bei hinnen op der Terrass fir Stëmmung ze suergen.
Fotoen: Ant Deister
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.