Mercedes huet sech no 10 Joer Paus nees d'Victoire bei der 24h-Course um Nürburgring geséchert. De Mercedes-AMG GT3 vum Team Ravenol mat de Pilote Maro Engel, Luca Stolz, Fabian Schiller a Maxime Martin war als 25. an d'Course gaangen a konnt sech no an no no vir schaffen, fir sech um Enn als Gewënner feieren ze loossen.
Virun allem d'Schlussphas huet fir Spannung gesuergt. De Verstappen Racing-Mercedes-AMG GT3 (Max Verstappen, Lucas Auer, Jules Gounon an Daniel Juncadella) louch laang Zäit a Féierung, éier een 210 Minutte viru Schluss wéinst technesche Problemer um Auto de Kampf ëm d'Victoire huet missen opginn.
Déi zweete Plaz war um Enn fir de Lamborghini Huracán GT3 EVO2 vum Red Bull Team ABT mat der Startnummer 84 mat de Pilote Luca Engstler, Mirko Bortolotti a Patric Niederhauser. Drëtte gouf den Aston Martin Vantage AMR GT3 EVO vu Walkenhorst Motorsport mat der Startnummer 34 an de Pilote Christian Krognes, Mattia Drudi, Nicki Thiim a Felipe Fernandez Laser.
Am Porsche 911 GT3 R Evo vun 48 LOSCH Motorsport by BLACK FALCON souz ënnert anerem de Lëtzebuerger Dylan Pereira hannert dem Steierrad. Um Enn gouf et eng staark 10. Plaz am General. An der Klass ProAM huet een d'Victoire gefeiert.
De Max Verstappen hat fir ee regelrechten Zuschauerboom um Nürburgring gesuergt. Insgesamt hu sech 352.000 Spectateuren an de leschten Deeg d'Course ugekuckt.