24h Nürburgring - Qualifying 1+2 um 30. Mee 2024
Ob Plaz 1 de BMW N°72 mat Harper/Hesse/Weerts.
4,183 Sekonnen hannendru kënnt de Rowe BMW mat Marciello/Martin/Wittmann.
Ob der 20. Plaz am General fanne mer de Steve Jans um Black Falcon Team 48 Losch. Si sinn och déi éischt an der CUP2-Kategorie.
Den Dylan Pereira ass ob der Plaz 31 och ob engem Porsche 911 GT3 Cup vu Scherer Sport PHX. Dat ass da Plaz 6 an der CUP2-Kategorie.
Mam Yann Munhowen ass nach en drëtte Lëtzebuerger um Depart, dat op engem Porsche 911 Carrera mat der Startnummer 416. Si koumen um Donneschdeg op Plaz 81, wat gläichbedeitend war mat Plaz 1 an der V6-Klass.
Um Freideg as nach de Quali 3 an d'Superpole.
Um Samschdeg geet et dann em 16 Auer un de Start, an net ze vergiessen, et ass Dauerreen ugesot.
Text a Fotoen: Romain Scheffen / Andy Brücker
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.