Dressurturnéier a WBO-Tournoi Feelerhecken (05.07.21.)
Den R.U.St hat den 3 a 4.7 op den 1. Dressurturnéier a WBO Turneier vun der Saison 2021 an den Reitsportcenter an de Feelenerhecken agelueden. Den Turnéier ass no de Corona-Hygiènesmesuren ofgehale ginn.
Et sinn Dressurprüfunge vun de klenge Klasse bis zu enger M* geridde ginn. Qualifikatione fir verschidde Cups stoungen och um Programm.
Fir déi jonk Sprangreider sinn 2 Stilsprangprüfunge geridden ginn.
Fir déi ganz Kleng war ee Pony-Führzügel WB mat Geschecklechkeetsaufgaben um Programm a fir déi e bëssi méi Grouss hat de R.U.St ee Fun Trail organiséiert.
Een Highlight war eng Virféierung vum Voltigéierungsteam vum Reitstall aus de Feelenerhecken.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.