Juventus Camp 2019 zu Déifferdeng (11.4.19)
118 Meedercher a Jongen um 5. Juve-Camp vum FC Déifferdeng 03
Fir d'5. Kéier fënnt dëst Joer um Déifferdenger Stadion zu Uewerkuer e Juve-Trainings-Camp statt. 118 Meedercher a Jongen aus der Belsch, Frankräich, Däitschland a Lëtzebuerg sinn ageschriwwen. Wärend 2 Unitéite vun all Kéiers 3 Stonnen den Dag kréien déi jonk Spillerinnen a Spiller gewisen, wéi international mat der Jugend trainéiert gëtt. 4 Trainere vun der Juve (Marco, Mica, Simone a Franscesco) ënnerstëtzt vu 4 Déifferdenger Jugendtrainer (Rui, Luis, Kevin a Yann) stinn ënnert der Responsabilitéit vum Juve-Fachmann Ricardo.
Niewent dem sportleche Plang beweisen déi Déifferdenger Responsabel, ënnert der Leedung vum President vun der Jugendkommissioun Guy Altmeisch, all Dag hir Kompetenzen am Jugendberäich. Eng 20 Benevollen, dovu 6 Frae vum Déifferdenger Foyer de la Femme, zoustänneg, fir all Dag d’Mëttegiesse fir 150 Persounen ze kachen, suergen dofir, datt et de Jugendlechen un näischt feelt wärend hirem Openthalt zu Déifferdeng.
Et versteet sech, datt de Veräi vum President Fabrizio Bei dobäi op déi tatkräfteg Ënnerstëtzung vun de Verantwortleche vun der Gemeng an hire verschiddene Servicer kann zielen.
D’Ofschlossfeier ass e Freidegnomëtteg, mat enger Diplomiwwerreechung un déi 118 jonk Spillerinnen a Spiller am Alter vu 6 bis 16 Joer um Haaptterrain zu Uewerkuer.
Fotoen: Val Wagner
Text: FCD03
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.