Nations League: DFB-Dammen spillen 0:0 géint Spuenien (28.11.25)
Pech fir Däitschland: 0:0 géint Spuenien
Um Betzenberg hunn um Freidegowend iwwer 40.000 Fans e staarken Optrëtt vun den däitschen Damme gesinn, mee leider keng Goler. D'DFB-Ekipp war dem Weltmeeschter Spuenien kloer iwwerleeën, hat awer enormt Pech am Ofschloss. Esou hunn d'Klara Bühl an d'Jule Brand nëmmen de Potto an d'Lat getraff.
Eng staark Leeschtung ouni Belounung. D'Entscheedung fält elo am Retourmatch en Dënschdeg den 2.Dezember (18:30) zu Madrid. Wien do gewënnt, hëlt den Titel.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.