Neie Sportkomplex zu Feelen angeweit (27.09.19)
De Buergermeeschter Fernand Mergen huet jidderengem, dee sech engagéiert a gehollef huet e grousse Merci gesot. Den Agrarminister Romain Schneider huet den Sportminister Dan Kersch ersat, wat hien awer erfreet huet, well hien als fréiere Sportminister scho mat um Plang geschafft huet. Hien ass zefridde mat der schéiner Anlag, wou d'Leit dovu profitéieren kënnen an d'Kanner eng schéin Spillplaz kritt hunn.
E Samschdeg den Mëtteg spillen d'US-Allstars vu Feelen géint di al fréier International Spiller. Fir Feierlechkeeten weider ze féieren, ass e Sonndeg vun 10 Auer un déi 1. Wikingerschach-Meeschterschaft zu Feelen um neie Komplex, wou Leit sech nach kënnen op der Plaz aschreiwen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.