Rallyesprint Tenneville (10.4.22)
Beim Rallyesprint zu Tenneville waren och 3 Lëtzebuerger Equipagen um Depart.
Den Duo Steve Zimmer / Joel Tousch war eng éischte Kéier op engem Skoda Fabia R5 ugetrueden. Um Enn ass eng exzellent 2. Plaz am Generalklassement erausgesprongen. Et war en Test en Vue vum Rallye de Wallonie, wou de Steve Zimmer nees mam Michèle Brachtenbach um Copilote-Sëtz wäert starten.
Den Andy Schaus an d'Patricia Wanderscheid kommen um Opel Adam R2 op déi 8. Plaz am General a gewannen och hir Klass.
De Claude Berchem an de Fränz Diederich ginn um Golf 2 GTI 16V déi 14. am General a ginn déi zweet an hirer Klass.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.