"Ongewéinlech" Attack an AustralienFra am Schlof vun héichgëfteger Schlaang gebass

RTL Lëtzebuerg
Schlaangebëss sinn an Australien Alldag. Datt Mënschen am Schlof gebass ginn, ass awer éischter rar. Eng Fra huet esou eng Attack elo knapp iwwerlieft.
D'Schlaang am Bett vun der Fra vu Glenmorgan am australesche Bundesstaat Queensland.
D’Schlaang am Bett vun der Fra vu Glenmorgan am australesche Bundesstaat Queensland.

Et kléngt wéi eng Zeen aus engem Albdram. Wärend eng Fra aus dem australesche Bundesstaat Queensland an hirem Bett geschlof huet, ass si vun enger vun de gëftegste Schlaangen op der Welt gebass ginn - eng éischter “ongewéinlech” Attack.

Wéi ënnert anerem de Sender ABC matdeelt, sollt et eng “Ëstlech Brongschlaang” (Pseudonaja textilis) gewiescht sinn. Dës Zort ass, wéi eng Rei Medie mellen, an de leschte Jore fir d’Majoritéit vun den Doudesfäll duerch Schlaangebëss an Australien responsabel. All Joer stierwen Down Under am Duerchschnëtt ee bis zwee Mënschen duerch Bëss vu Schlaangen.

D’Fra aus dem ländlechen Uert Glenmorgan huet déi héichgëfteg Attack awer glécklecherweis duerch déi séier Reaktioun vun hirer Famill iwwerlieft. Wéi et vun de Secouriste vum Queensland Ambulance Service (QAS) heescht, huet d’Famill séier reagéiert, fir d’Fra ze stabiliséieren an d’Wonn “mat engem Schlaangeverband” ofzebannen, sou datt sech d’Gëft net a Richtung Kierpermëtt verbreede konnt. Mat engem Helikopter vu “LifeFlight” gouf d’Fra dunn an d’Toowoomba-Spidol geflunn, wou si weiderhin an engem “eeschten, awer stabillen Zoustand” soll sinn.

Ginn esou Schlaangebëss net séier genuch traitéiert, kann et zur Lämung oder zu Bluddungen am Gehier kommen. Am Gëft vun der “Ëstlecher Brongschlaang” sinn Neurotoxiner, Kardiotoxiner an Nephrotoxiner, déi Nerven-, Häerzmuskel- an Nierenzellen zerstéieren.

Weider heescht et vun de Secouristen, datt an der Lescht eng Hausse vu Schlaangebëss an Australien festgestallt gouf, déi wuel op dat waarmt Wieder zréckzeféiere wier. Eleng d’leschter Woch hätt et eng 30 Asätz wéinst Bëss vu Schlaange ginn.

Back to Top
CIM LOGO