
Déi betraffe Fëscher krute vum franséischen Ëmweltminister Christophe Béchu finanziell Hëllef zougesprach, déi bis zu 85% vun den übleche Recettë couvréiere soll.
D’Decisioun ass vum ieweschte franséische Verwaltungsgeriicht getraff ginn, nodeems eng Rei Déiereschutzorganisatiounen op d’Situatioun vun den Delfinen opmierksam gemaach hunn. All Joer solle virun der franséischer Atlantikküst ronn 9.000 Delfinen ëmbruecht ginn, well Fëscher si aus Versinn matfëschen.
D’Fëscher hunn d’Verbuet schaarf kritiséiert a betount, datt doduerch ee Schëff eleng eng Perte vu bis zu 300.000 Euro maache kéint. De Gesamtverloscht gëtt vun der franséischer Fëschindustrie op bis zu 60 Milliounen Euro geschat.