Hondsdreck net ewech gemaachFranséisch Stad wëll mat DNA-Tester Muppebesëtzer ermëttelen

RTL Lëtzebuerg
D'Stad Béziers huet es genuch mat Hondsproprietären, déi den Dreck vun hiren Déieren net ewech maachen a wëll mat DNA-Analysen den Täter op d'Spuer goen.

Zanter enger Woch gëllt am Zentrum vun der Stad eng Direktiv, där no Hondsmeeschter e geneetesche Pass fir hir Véierbeener erstelle loosse mussen. Esou soll den Hondsdreck, deen um Trottoir leie gelooss gëtt analyséiert an engem konkreeten Hond zougeuerdent ginn.

Wien ouni esou e geneetesche Pass mat engem Mupp ënnerwee ass, muss no enger Iwwergangsphas vun dräi Méint 38 Euro bezuelen. Fir Dreck, deen net opgeraf gouf, ass souguer eng Strof vun 122 Euro fälleg. Getest gëtt dat Ganzt virop emol wärend zwee Joer.

“Ech kann déi ganz Kéip net méi gesinn”, erkläert de Buergermeeschter Robert Ménard dem Sender France Info. “Mir hunn eng Zielung organiséiert. Eleng am Stadzentrum sammele mir all Mount iwwer 1.000 Stéck op. Et muss ee Sanktioune verhänken, fir datt d’Leit sech anstänneg behuelen.”

D’Verwaltung vun der Stad wäert de Besëtzer awer proposéieren, de Spauttest vun hirem Hond gratis maachen ze loossen, dee fir de geneetesche Pass néideg ass. Donieft wier dëst och beim Veterinär méiglech.

Back to Top
CIM LOGO