Kaddo vum Kim Jong UnFréiere President vu Südkorea wëll seng Hënn ofginn

RTL Lëtzebuerg
De Moon Jae In probéiert zwee Muppe lasszeginn, déi hien no senger 3. Entrevue mam Kim Jong Un vum nordkoreanesche Staatschef kritt hat.
D'Presidente-Muppe Gomi a Songkang hate siwe Welpe kritt.
D’Presidente-Muppe Gomi a Songkang hate siwe Welpe kritt.
© The Blue House/AFP/Archiv/handout

Well de fréiere südkoreanesche President d’Pungsan-Hënn Gomi a Songkang 2018 wärend senger Amtszäit krut, sinn d’Muppe reng rechtlech Staatsproprietéit a missten eigentlech un d’Presidenten-Archiv goen. Ma nom Enn vu senger Amtszäit hat de Moon Jae In e Kontrakt mam Staat gemaach, datt hien d’Hënn mat a säi Privathaus hëlt an dofir all Mount ëmgerechent 1.800 Euro Ënnerhaltskäschte kritt.

Ma wéi de Moon erkläert, wier de Vertrag wéinst dem Asproch vum neie President Yoon Suk Yeol net ëmgesat ginn. Wéinst dem Manktem un Ënnerstëtzung wëll de fréiere President d’Muppen elo ofginn.

D’Decisioun vum Moon Jae In huet ënnert de südkoreanesche Muppefrënn allerdéngs fir vill Opreegung gesuergt. “Hënn gehéieren zu der Famill. Wéi kann ee se nëmme wéinst de Sue wechschécken?”, huet ee User um Internet gefrot. Een aneren huet proposéiert, d’Déiere bei sech opzehuelen.

D’Pungsan-Rass si Juegdhënn mat dichtem, crème-wäisse Pelz a spatzen Oueren, déi no der Regioun Pungsan an Nordkorea benannt goufen.

Back to Top
CIM LOGO