No Äerdbiewen am TaiwanFréieren Drogenhond beweist sech als talentéierte Sichhond

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de Roger seng Aarbecht als Drogenhond verluer hat, well hien ze frëndlech ass, huet hien sech elo als heemleche Star ënnert de Sichhënn bewisen.
© Kaohsiung city government/AFP/Handout

An der Nuecht op e Mëttwoch koum et an Taiwan zu deem stäerksten Äerdbiewen zanter 25 Joer. Op d’mannst 13 Mënsche sinn ëm d’Liewe komm an 1.140 Persoune goufe blesséiert, wéi de Buedem mat enger Stäerkt vu 7,4 Punkten op der Richterskala geziddert huet.

Och eng ganz Partie Gebaier goufe schwéier beschiedegt oder zerstéiert. An der Stad Hualien, dem Epizentrum, si vill Tunnellen a Stroosse blockéiert, déi et de Rettungsekippe schwéier maachen, fir no Affer an Iwwerliewenden ze sichen.

Et géing een dowéinst virun allem op Sichhënn setzen, dorënner och de Roger. “De Roger muss Spuere fonnt hunn a säi Bléck muss sengem Meeschter signaliséiert hunn, datt do eppes ass. An dunn hu si d’Affer fonnt”, deelt de Buergermeeschter Chen Chi-mai iwwer Facebook mat.

Dem Roger säi Meeschter Lee Hsin-hung erzielt, datt hien d’Affer “no nëmme fënnef Minutte” fonnt huet a lueft den Hond fir seng Leeschtung op engem onbekannten Terrain.

Fréier huet hien als Drogenhond geschafft, gouf awer entlooss, well hien ze frëndlech ass. Doropshi gouf hien als Sichhond agesat. “Hien ass immens flénk. Dat hei war keen Terrain, dee mir (am Training) simuléiere kënnen, mee hien hat keng Angscht”, esou de Lee Hsin-hung.

De Roger soll geschwënn an d’Pensioun goen, huet mat dëser Aktioun awer nach eng Kéier bewisen, wat hie kann an domat d’Häerzer vun de Leit an Taiwan fir sech gewonnen.

© Hualien County Fire Department/AFP/Laurent FIEVET

Temoignage vu Lëtzebuerger Famill: Op d’mannst 9 Doudesaffer a méi wéi 800 Blesséierter an Taiwan

Back to Top
CIM LOGO