
Egal ob eng Käerz, eng Luucht, e Lagerfeier oder en helle Bildschierm vun engem Laptop - soubal et donkel dobaussen ass, gi vill Insekten vun der Luucht quasi magesch ugezunn, oder et huet op alle Fall mol de Schäin, dass et sou ass. Wourunner dat ganz genee läit, wousst viru Kuerzem Kee genee.
Hei goufen et bis ewell eng ganz Partie un Theorien, déi erklären, wisou esou vill Insekten ronderëm Luuchte fléien, wann d’Sonn ënnergaangen ass. Ass et en urale Reflex? Ginn Insekt a sech vun der Luucht vum Mount ugezunn a verwiesselen déi kënschtlech Luucht mam Himmelskierper? Eventuell huet et eppes mat der Temperatur ze dinn?
Eng Ekipp vu Fuerscher vum Imperial College zu London an der Universitéit zu Miami sinn dësem bis ewell ongeléiste Rätsel nogaangen a sollen d’Äntwert elo no villen Experimenter erausfonnt hunn.
D’Stéchwuert ass de sougenannte “Liichtréckereflex” vun den Insekten. Dëst erlaabt et den Déieren fir sech stabil an der Luucht ze halen an ze manövréieren wa se fléien, also eng Zort Kompass, fir ze wëssen, wou Uewen an Ënnen ass. Dobäi dréit sech de Réck vum Déier ëmmer a Richtung vun der hellster Quell an der Ëmgéigend, wat natierlech am Dag d’Sonn ass, respektiv generell den Himmel.
Owes wier dat dann d’Luucht vum Mount, déi den Himmel méi hell mécht. Ma trieden awer kënschtlech Liichtquellen nuets op, dat a Form vun enger Kugel oder engem Punkt, ronderëm d’Déier fléie kann, féiert dëst natierlech dozou, dass d’Insekten hei permanent ronderëm fléien.
Doduerch dass de Reflex verursaacht, dass de Réck ëmmer Richtung Quell gedréit ass, kënnt d’Déier net méi aus dëser Krees-Beweegung eraus an ass quasi gefaange ronderëm d’Liichtquell, quasi géint de Wëlle vum Insekt. Vill Déiere stierwen och doduerch, dat relativ qualvoll, well se entweder duerch Middegkeet einfach eroffalen oder riicht an de Buedem fléien, jee nodeem wou a wéi d’Liichtquell placéiert ass. Hängt een en Duch virun d’Liichtquell huet een de Phänomen, dass d’Déieren sech hei dann néierloossen, soubal se dann awer nees fortfléie wëllen, gi se nees gezwongen, am Krees ronderëm d’Luucht ze fléien.
Dass d’Insekten vun der Luucht ugezu ginn, stëmmt also sou net wierklech, well d’Insekten an sech duerch de Liichtréckereflex vun der Liichtquell gefaange ginn an net wierklech gewollt an dës Situatioun erafléien, wou se dann net méi rauskommen. Et lount sech dohier d’Luucht vun Zäit zu Zäit auszemaachen, fir dass d’Insekte fortkommen aus hirer Situatioun.