WWF freet no HëllefFuerscher rätselen iwwer Hausse u Séipäerdercher am Wattemier

RTL Lëtzebuerg
Ëmmer méi dacks gi rar Aarten u Séipäerdercher am Wattemier an Niedersachsen fonnt. Well d'Grënn dofir nach onkloer sinn, hoffen d'Fuerscher op Hëllef.

Der Naturschutzorganisatioun WWF no ginn zanter 2020 ëmmer méi rar Séipäerdercher un de Plagen am Wattemier entdeckt. Bis ewell wéisst een awer nach net, wat d’Grënn dofir sinn, wéi de Chef vum WWF-Wattemierbüro erkläert. “Ob et op enger anerer Plaz méi Séipäerdercher gëtt, déi duerch Stréimungen an d’Wattemier gedroe ginn oder ob et eng lokal Populatioun gëtt, déi am Wattemier lieft.”

Schonn am Fréijoer haten eng Rei Institutiounen an Niedersachsen d’Gäscht op den Inselen an d’Visiteure vum Nationalpark Wattemier ëm Hëllef gefrot, nodeems an de leschte Méint ëmmer rëm Séipäerdercher un de Plagen ugespullt goufen. Ma nieft den Entdeckunge vun der klenger Fëschaart an Niedersachsen, wëlle sech d’Fuerscher elo och méi genee déi a Schleswig-Holstein ukucken. D’Organisatioun WWF wëll elo zesumme mat Partner den Opruff ëm dat nërdlechst Bundesland erweideren, well Enn September och a Schleswig-Holstein ee Séipäerdchen am Wattemier fonnt gouf. Wat immens rar wier, wéi de Chef vum WWF-Büro betount.

Op der Online-Plattform beachexplorer.org kënnen d’Leit hir Entdeckungen op de Plagen androen a Fotoen eroplueden. Eleng an der éischter Hallschent vum dësem Joer wiere schonn 30 liewend oder dout Séipäerdercher fonnt ginn. Am Ganze goufe 60 Exemplairë um Site agedroen, och aus Holland oder Dänemark. Wien en doudeg Séipäerdche fënnt, soll der WWF no eng Foto maachen an am beschten eng Euro-Mënz als Moossstaf niewendrun ze leeën, fir datt een d’Gréisst vum Déier bestëmmt kann. “Mir erhoffen eis Ënnerstëtzung aus der Ëffentlechkeet”, huet de WWF-Chef betount. “Mir sinn zimmlech gespaant, ob elo nach méi Séipäerdercher gesi ginn.”

Back to Top
CIM LOGO