
Op d’mannst 9 Persoune soll d’Déier gebass hunn, dorënner och den Demokrat Ami Bera. Nom Bëss huet hie sech preventiv géint Tollwut impfe gelooss. Wéi e Spriecher vun de Gesondheetsautoritéite matdeelt, wier de Fuuss op “human” Weis ageschléifert ginn, nodeems en agefaange gouf. Wéi d’”Washington Post” schreift, wier den Tollwut-Test positiv ausgefall. Fir bei Déieren Tollwut festzestellen, musse se dout gemaach ginn. De Virus gëtt unhand vu Prouwen aus dem Gehier nogewisen.
De Fuuss gouf bannent kierzter Zäit zu engem Internet-Star. Journalisten a Politiker aus Washington hu Fotoe vum Déier an de sozialen Netzwierker eropgelueden, wéi se him am Alldag iwwert de Wee gelaf sinn. Déi eng hunn de Fuuss beim Friesse vun engem Kaweechelchen gesinn a fotograféiert, anerer hunn hien dobäi ofgeliicht, wéi hien d’Sonn am Gaart vum Senat genoss huet.