Vakanzentrafic komplett gestoppt"Geeschterschof" leeft déi falsch Richtung duerch Rettungsgaass

RTL Lëtzebuerg
Méi séier wéi d'Police: E Sonndeg waren zwee Schof ausgebrach an iwwer d'Fuerbunn vun der A99 gelaf. Eent vun hinnen huet souguer d'Rettungsgaass benotzt.
© Thomas Gaulke

E Sonndeg de Mëtteg ware géint 13.30 Auer zwee Schof vun hirer Weed ausgebrach an a Richtung Autobunn bei Hohenbrunn gelaf. Wéi d’Police mellt, hätt eng Motorradspatrull déi zwee Ausrësser zwar séier entdeckt, ma d’Déieren de Rampli zréck eropzedreiwen, huet sech als immens schwiereg erausgestallt.

D’Schof wieren immens flénk gewiescht an hu sech am Gestrëpp vum Rampli verstoppt, wou si ëmmer rëm vun uewen no ënnen a rëm zréck gelaf sinn. Zur Ënnerstëtzung waren d’Pompjeeë vun Hohenbrunn a Putzbrunn dobäi geruff ginn, déi de Verkéier op der Autobunn a Richtung Süde fir ronn 15 Minutte komplett gespaart hunn. Nodeems d’Déiere sech getrennt hunn, hat eent vun de Schof de Wee an e Maisfeld fonnt, dat aner ass zréck a Richtung Autobunn gelaf.

Op der Fuerbunn ass “d’Geeschterschof” dunn eng 200 Meter tëscht den Autoen déi falsch Faartrichtung duerch d’Rettungsgaass gelaf. D’Déier wier awer esou op Zack gewiescht, datt et der Police an de Pompjeeën net gelongen ass, et nees anzefänken. An och d’Versich vum Besëtzer d’Déiere mat Fudder ze lacken, hunn net geklappt.

Iergendwann huet och dat zweet Schof dunn de Wee zréck de Rampli erop an d’Gréngs fonnt. D’Felder an d’Bëscher hannendrun hunn allerdéngs eng weider Sich praktesch onméiglech gemaach, heescht et vun der Police weider. Dem aktuelle Stand no wieren déi zwee Ausrësser nach ëmmer net zréck opgedaucht.

Back to Top
CIM LOGO