"Déi eenzeg eefaarweg" vun hirer Aart?Giraff ouni Flecken an US-Zoo op d'Welt komm

RTL Lëtzebuerg
Et kéint déi eenzeg vun hirer Aart sinn: An engem Déierepark am US-Bundesstaat Tennessee gouf eng extreem rar Giraff ouni dat üblecht Fleckemuster gebuer.
© Brights Zoo

Knapp dräi Wochen op der Welt a schonn e Star: Am “Brights Zoo” zu Limestone ass Enn Juli eng eefaarweg Giraff op d’Welt komm an Experte ginn dovun aus, “datt si déi eenzeg eefaarweg Netzgiraff iergendwou um Planéit ass”. D’Déier ass den 31. Juli nämlech net mam üblechem hellem Pelz mat bronge Flecke gebuer, mä mat engem eenheetlech brongem Pelz. Esou en Exemplar gouf et dem Zoodirekter David Bright no déi lescht Kéier am Joer 1972 am Ueno Zoo zu Tokio. D’Flecke vun de Giraffen déngen an éischter Linn der Tarnung vun den Déieren an hirem natierlechen Ëmfeld.

Op Facebook huet de “Brights Zoo” elo e Concours gestart, fir en Numm fir déi neigebuere Giraff ze fannen. Zur Auswiel sti véier Begrëffer op Swahili: Kipekee (“Eenzegaarteg”), Firali (“Aussergewéinlech”), Shakiri (“Déi Schéinst”) a Jamella (“Eng vu grousser Schéinheet”).

Den Zoodirekter hofft, datt mam aussergewéinlechen Déier méi Opmierksamkeet fir déi staark menacéiert Giraffen a fräier Wildnis geschaf gëtt. An de leschten 30 Joer wiere 40 Prozent vun der Giraffepopulatioun an der Wildnis verschwonnen.

Back to Top
CIM LOGO