
Den hollännesche Biolog Dr. Freek Vonk huet am Februar zesumme mam Cristian Dimitrius ee Video opgeholl, wéi hei mat enger grousser Anakonda schwëmmt. Dëse Video huet den Tour ëm d’Welt gemaach. Antëscht ass dat Déier awer dout.
Dat gouf vum Vonk op Instagram confirméiert. Si war mat hire siwe Meter an 200 Kilo als déi gréisste Schlaang vun der Welt unerkannt.
Um Instagram-Post selwer huet de Vonk nieft zwou Fotoe vum doudegen Déier geschriwwen, datt hie mat engem schwéieren Häerze matdeele misst, datt d’Anakonda de leschte Weekend beim Floss dout opfonnt gouf. De Kadaver vun der weiblecher Schlaang, déi vun him Ana Julia gedeeft gouf, gouf an der Bonito Regioun a Brasilien fonnt.
Am Video vum Cristian Dimitrius, deen am Februar publizéiert gouf, gesäit een, wéi déi de Vonk mat der Schlaang um Floss schwëmmt.
De Cristian Dimitrius, deen Dokumentarfilmer mécht, huet sech och dozou ausgedréckt, datt hien d’Schlaang u hire Gesiichtsmuster erëmerkannt huet. Hie hofft, datt d’Schlaang un natierleche Grënn gestuerwen ass, mee huet och gesot, datt Anakondaen dacks ëmbruecht ginn. De Vonk an de Dimitrius haten am Ufank de Verdacht, dass d’Ana Julia erschoss gouf.
Den Dimitrius seng Donnéeën no hat hien d’Schlaang scho säit zéng Joer begleet. D’Schlaang gouf och mol gemooss an ass deemools mat hire 6,45 meter déi längste Schlaang vun der Welt ginn.