Serie-Déierenasyl (Deel 3)Gudden Deel vun den Hënn an de Lëtzebuerger Déierenasyler si Lëschtenhënn

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Jore sëtzen ëmmer méi Lëschtenhënn, ëmgangssproochlech och Kampfhënn genannt, an de Lëtzebuerger Déierenasyler.

Dës sinn dacks awer duerch déi gesetzlech festgeluechten Adoptiounskrittäre just schwéier vermëttelbar. Ma och bei anere Rasse gëtt ëmmer rëm kritiséiert, dass dës Krittären ze streng sinn.

Ee gudden Deel vun den Hënn an de Lëtzebuerger Déierenasyler si Lëschtenhënn. Dozou gehéieren den American Staffordshire, de Pitbull, den Tosa an de Mastiff. Bei dëse Muppe musse souwuel d’Déier, wéi och hire Meeschter, eng Ausbildung maachen. Zu Lëtzebuerg ass dësen Hondsführerschäi souguer Flicht.

Wat geschitt, wann een dësen net huet, huet eis d’Liliane Ferron, Vize-Presidentin vun der Lëtzebuerger Déiereschutzliga erkläert:

“Da kann zum Beispill d’Police oder ee vun der Douane ënnerwee froen: hei weis mir mol däin Diplom vum Hond an och vun Iech, an du hues deen net, da kënne si en op der Platz confisquéieren.”

D’Lëschtenhënn sinn déi lescht Joren an de Verruff komm. Dobäi kënnen dës Hënn grad sou léif si wéi anerer och. All Hond, egal wéi eng Rass, kann ee béis maachen.

Och bei anere Rasse gëllen Adoptiounskrittären. Dës awer sinn esou muncher engem ze streng. Heiansdo kréien d’Leit d’Adoptioun refuséiert. An dat just well se zum Beispill ze al sinn. Ma trotzdeem si verschidde Krittäre berechtegt, sou den Dr Félix Wildschutz, Direkter vun der ALVA (Administration luxembourgeois vétérinaire et alimentaire):

“Bon ech verstinn, dass do eng gewësse Kontroll besteet vun hirer Säit, fir ze verhënneren, dass dat Déier puer Deeg duerno erëm am Déierenasyl lant. Mee ech mengen all Mënsch, den déi néideg Zäit a finanziell Moyene wëll opbréngen, fir een Hond ze halen, kann dat maachen.”

Bei der Adoptioun vun engem Mupp musse souwuel seng Virgeschicht, wéi och d’Liewenskonditiounen an der neier Famill, berécksiichtegt ginn. Dofir bleift d’Déiereschutzliga strikt, wat d’Adoptiounskrittären ugeet. Den Hond soll no der Adoptioun net erëm am Asyl landen.

D’Zil ass et, dass all Hond ee fest Doheem fënnt bei enger Famill, déi bei de Mupp passt.

Back to Top
CIM LOGO