
Den Titel vum eelsten Hond vun der Welt krut hien awer schonn am Februar 2023, deemools mat 30 Joer an 266 Deeg. Domadder hat hien dem australesche Hond Bluey den Titel ofgeholl, deen 1939 am Alter vun 29 Joer a fënnef Méint gestuerwe war.
Ma nom Doud vum Bobi sinn ëmmer méi Zweiwel iwwert de richtegen Alter vum Hond opkomm. De Bobi ass e “Rafeiros”, e portugiseschen Hirtenhond, déi an der Moyenne tëscht 12 a 14 Joer al ginn.
Wéinst de villen Zweiwel huet d’Guinness-Buch en Donneschdeg annoncéiert, datt een den Alter vum Bobi nach eng Kéier géif iwwerpréiwen an him säin Titel dowéinst géif ofhuelen. Et géifen net genuch kloer Beweiser ginn, datt den Hond och deen Alter hat, dee säi Besëtzer uginn huet. Wéi de Bobi 2002 gechippt gouf, huet een a Portugal nach keng Preuve vum Alter vum Hond missten hannerleeën.
Brittesch an US-Medien mellen, datt verschidden Experte skeptesch iwwert den Alter vum Hond sinn, well d’Patte vum Bobi op Fotoen, wéi hien e Welpen war, eng aner Faarf haten, wéi méi spéit als alen Hond.
De Besëtzer vum Bobi Leonel Costa weist awer all Virwërf zeréck. Fir hien huet de Bobi esoulaang gelieft, well hien an engem rouegen Duerf gewunnt huet an en ofwiesslungsräicht Iesse krut. Den Hond wier ni un der Lénkt an ëmmer an de Bëscher ëm d’Duerf ënnerwee gewiescht. Wéi hie méi al gouf, ass him de Gaart duergaangen, deen hie sech mat de Kaze vun der Famill gedeelt huet.