Serie "Hondsgeschichten"Happy End fir den Horace no schlëmmer Mësshandlung

RTL Lëtzebuerg
Ob traureg Schicksalsschléi, spannend Aventuren oder witzeg Erliefnisser: An dëser Serie stellen eis Hondsbesëtzer hir ganz aussergewéinlech Muppe vir.
Hondsgeschichten Episod 8: Horace
Happy End fir den Horace no schlëmmer Mësshandlung

Verschmuust a geloossen: sou wierkt den Horace op den éischte Bléck. Säin doucet Wiese léisst net drop schléissen, dass de Boxer Schlëmmes erlieft huet. Um Kierper vum 7 Joer ale Mupp huet d’Vergaangenheet allerdéngs däitlech Spueren hannerlooss.

Éier hien zu Lëtzebuerg säin “Vir-ëmmer-Doheem” fonnt huet, huet den Horace op Malta gelieft. De Steve N., en Déierefrënd ewéi aus dem Billerbuch, ass an de sozialen Netzwierker op dem Boxer säi Schicksal opmierksam ginn. De Véierbeener krut mat engem Gewier an de Kapp geschoss, säi lénkst A gouf dobäi zerstéiert. Och um Ouer an um Schwanz gouf d’Déier vun Onbekannten uerg blesséiert. Wéi schlëmm dem Mupp seng Péng muss gewiescht sinn, kann ee sech nëmme schwéier virstellen.

Ma den Horace huet net opginn. Déi liewesnoutwenneg Operatioun ass de Medezinner gelongen, och wann d’Déierendokteren eng Rei Patrouneréckstänn net aus sengem Kapp eraushuele konnten. Déi wäerten e Liewe laang am Mupp sengem Kierper bleiwen.

Dräi Mol huet de Steve N. dem Horace seng Geschicht op Facebook gedeelt, an der Hoffnung, dass ee vun de User him en Doheem schenkt. Et huet net laang gedauert, bis de Boxer-Frënd du selwer aktiv ginn ass an entscheet huet, den Horace bei sech opzehuelen. Hie wollt nämlech schonn ëmmer e wäisse Boxer adoptéieren. Zu Idar-Oberstein a Rheinland-Pfalz ass hien dem Véierbeener eng éischte Kéier begéint. Hei gi Muppen aus Malta ageflunn, déi op der Sich no engem neien Doheem sinn.

Knapps hat hien den Horace erbléckt, war et och schonn ëm den Hondsfrënd aus Lëtzebuerg geschitt. Net nëmmen de Steve N. hat sech séier an den Hond verléift, ma och den Horace huet sech ganz séier bei senger neier Famill agelieft. Do huet net nëmmen e weidere Compagnon op véier Been, de Groover, op den Horace gewaart, ma och e Kannapee, op deem hien et sech geleeëntlech gemittlech mécht. An natierlech krut den Horace domat och zwee Meeschteren, deenen d’Wuel vun hiren Hausdéieren ëmmer op éischter Plaz steet, wéi eis de Steve N. erzielt huet.

Obwuel d’Famill vill Erfarunge mat Hënn gemaach huet, huet d’Zesummeliewe mam Horace e puer nei Erausfuerderunge mat sech bruecht. Virun allem de Fait, datt de Mupp daf ass. Op déi klassesch Kommandoe wéi “Sëtz” oder “Bleif” reagéiert den Hond net. Mat Zeechesprooch kënne Mënsch an Déier awer gutt matenee kommunizéieren. Ganz drop verzichten, mat sengem Déierchen ze schwätzen, wëll de Steve N. allerdéngs net. Et ass zur Gewunnecht ginn, mat sengen Déieren ze poteren. Och wann den Horace seng Stëmm net héiert, schwätzt hie gär mam Mupp, huet den Hondsbesëtzer am Interview verroden.

Beim Veterinär zu Lëtzebuerg huet den Horace nach emol bewisen, datt hien eng richteg Kämpfernatur ass. Do huet sech nämlech erausgestallt, datt de Mupp am Inselstaat eng Gillette ofgeschléckt hat. Wéi duerch e Wonner huet déi kee gréissere Schued a sengem Bauch verursaacht a konnt vun den Déierendokteren erfollegräich erausoperéiert ginn.

Säin Ausgesi wäert e Liewe laang drun erënneren, wat op Malta geschitt ass. Awer senger Perséinlechkeet konnten d’Wonnen näischt undoen - de Boxer genéisst säin neit Liewe bei senger Famill a vollen Zich. Trotz schlëmmer Mësshandlung huet de Véierbeener net opginn an zu Lëtzebuerg säin Happy End bei enger Famill fonnt, déi alles fir hir Hënn maache géing an et zu kengem Ament bereit huet, sech en Hond an Nout ugeschaaft ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO