
Déierebesëtzer a -frënn dierfte sech iwwer dës Nouvelle freeën: Am Bus- an Zuchnetz vun der Regioun Tréier brauchen Hausdéiere vum 1. Juli u keen Ticket méi.
“Passagéier kënnen elo hir véierbeeneg Frënn gratis op den nächsten Ausfluch oder an de Büro mathuelen”, freet sech d’Direktesch vum Verkehrsbund Region Trier, d’Barbara Schwarz.
Trotzdeem wäerte weiderhi Reegele gëllen, wéi datt d’Déieren aner Passagéier net a Gefor dierfe bréngen. “Sinn Hënn net an enger Transportbox, musse si un enger kuerzer Léngt gehale ginn. Wann d’Personal et verlaangt, mussen Hënn, déi Matreesender aschüchteren oder a Gefor brénge kéinten, e Maulkuerf undoen”, betount d’Barbara Schwarz. Esou géing séchergestallt ginn, datt all d’Passagéier sech am ëffentlechen Transport wuelfillen.
Wie seng Pelznues also an Zukunft wëll mat op Tréier huelen, brauch sech deemno keng Gedanke méi iwwert en Ticket fir säin Déier ze maachen.
Link: Dat ganzt Schreiwes vum VRT mat den Informatiounen, wat soss nach ännert, fannt Dir hei.