Am Magazin-Reportage geet et drëms, wéi d’Ausbildung vun Assistenzhënn mat einfache Plastiksstëpp finanzéiert gëtt a firwat et ewell net méi sou einfach ass.
Schonn 2009 huet d’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn (ASA-ASBL) ugefaangen, Plastiksstëpp ze sammelen, mam Zil, een Assistenzhond ze finanzéieren. Bis haut maache vill privat Leit awer och Institutiounen, Schoulen an Gemenge beim Projet mat. Fir eng Tonn Stëpp kritt d’ASA 350 Euro, well dës kann dono nees gebraucht ginn. En ausgebilten Hond kascht 17.000 Euro. Bis haut konnten esou schonn 11 Assistenzhënn ausgebilt ginn, via aner Done souguer iwwer 80.
Zënter enger Zäit awer gëtt et e Réckgang beim Sammelen, ugefaangen hat dat an der Pandemie an elo läit et warscheinlech dodrun, datt Gedrénksproduzenten déi nei EU-Direktiv ëmgesat hunn, wou een d’Stëpp net méi sou séier erofgeschrauft kritt. Fir een Hond brauch et ronn 55 Tonne Stëpp. Haut brauch d’ASA bal 3 Joer, fir op déi Zomm ze kommen, deemno bal dräi Mol méi laang wéi soss.

Fir de Reportage ware mir mat der Kamera op Ell an der Schoul, wou 1.2 Tonne Stëpp gesammelt goufen. Fir dat ze féieren, huet den Assistenzhond Owy de Schoulkanner säi Kënnen demonstréiert. Déi intelligent Déiere kënnen iwwer 50 Befeeler ausféieren, wat spéider de Mënsche mat ënnerschiddleche Besoine vill hëlleft, wann esou e fäerdeg ausgebilten Hond an hiren Alldag kënnt.
“Wat déi Hënn emol léieren, verhale se hiert ganzt Liewen”, sou d’Nelly Nash, Besëtzerin vum Owy

Vun dësem Joer u sammelen si och Stëpp aus Kork, déi kann een an de Ressourcenzenteren direkt ofginn an den Erléis geet automatesch un d’ASA-asbl. Op dëser Lëscht fënnt een d’Plazen uechtert Land, wou een d’Stëpp aus Plastik kann ofginn.