Ënnert den 300, déi beim Schéinheetsconcours matgemaach hunn, war et den Hengscht Diego, deen den Titel vum schéinsten Alpaka aus ganz Däitschland mat Heem dierft huelen, an de Besëtzer domat esou houfereg gemaach huet, dat deem souguer d’Tréine koumen. Ëm déi 5.000 Euro kann en Zuucht-Alpaka kaschten. Déi sympathesch Déieren aus den Anden, déi zur Famill vun de Lamae gehéieren, begeeschteren ëmmer méi Leit, well se meeschtens immens guttmiddeg sinn, awer och wéinst hirer héichwäerteger Woll. Scho viru iwwer 6.000 Joer sinn d’Alpakae genee dowéinst och domestizéiert ginn. An de fluffegen Diego hat deemno och déi schéinst Woll ënnert all de Konkurrenten.