
“Dat ass eng Weltpremière”, huet den hollänneschen Energieminister Rob Jetten e Méindeg gesot.
Mat dësem éischte Stopp vun de Wandrieder fänkt eng Pilotphas un, ier d’Moossnam am Hierscht reegelméisseg soll duerchgefouert ginn. An de betraffenen Nuechte mussen d’Bedreiwer vun de Wandparken d’Rotorblieder op maximal zwou Rotatioune pro Minutt drosselen. Dës immens lues Vitess wier “fir eis an d’Zuchvigel” bal wéi e komplette Stopp, erkläert de Pieter ten Bruggencate, Porte-parole vum Wirtschafts- a Klimaministère.
Experte kënnen zwee Deeg am viraus soen, wéini Zuchvigel duerchfléien, wat dem Bedreiwer Tennet genuch Zäit gëtt, “d’Stabilitéit vum Héichspannungsreseau ze garantéieren”. Och zukünfteg Wandparke musse sech un dës Moossnam halen, bei där d’Wierksamkeet stänneg géing iwwerpréift ginn, sou nach d’hollännesch Regierung.
“Zweemol d’Joer, am Fréijoer an am Hierscht, iwwerfléien u bestëmmten Nuechte Millioune Vigel d’Nordsee”, sou den Tim van Oijen vun der Vulleschutzorganisatioun “Vogelbescherming Nederland”. Am Hibléck op d’Hausse vun Offshore-Wandparken an der Nordsee wier et “extrem wichteg, dass mir dat esou ëmweltschounend, wéi méiglech maachen”.