
Si wëllen nämlech mat “Paintball-Kugelen” op d’Déier schéissen. Konkret soll et ëm e Wollef aus dem “Hoge Veluwe National-Park” goen. Dëse war wärend de leschte Wochen ëmmer nees an d’Géigend vun de Visiteure gaangen.
Wéi et vun deene Responsabele vum Park heescht, géif et sech warscheinlech ëm e jonkt Déier handelen. Et wéilt ee verhënneren, dass dëst zam géif ginn. Dowéinst wéilt een ëm elo bäibréngen, sech op d’mannst 30 Meter vu Mënschen ewechzehalen. Konkret bedeit dat, dass Polizisten, déi am Park patrulléieren, mat “Paintball-Waffen” op de Wollef schéissen, wann hien ze no bei Mënsche geet.