Los Angeles"Hollywood Cat" huet missen ageschléifert ginn

RTL Lëtzebuerg
Los Angeles huet ee Maskottchen verluer, de beléiften, wëll liewende Puma P-22 ass e Samschdeg nämlech ageschléifert ginn.

De geschat 11 Joer ale Puma war an der Ëffentlechkeet bekannt, well en ëmmer nees dobäi gesi gouf, wéi e laanscht de berüümte Schrëftzuch “Hollywood” gaangen ass.

Well de Puma sech an der leschter Zäit méi opfälleg beholl huet, hunn d’Autoritéite sech dofir decidéiert, d’"Hollywood Cat” anzefänken an ze ënnersichen. Dobäi huet sech erausgestallt, datt e schlëmmer Blessuren um Kapp, um rietsen A an un aneren Organer hat. Et geet een dovunner aus, datt de Puma vun engem Auto kéint ugestouss gi sinn. Donieft hat d’Déier eng Nieren-Erkrankung, eng parasitär Hautinfektioun, Arthritis a war ënnererniert.

Dofir huet een d’Decisioun geholl, de Puma anzeschléiferen, och wann et eng schwéier Decisioun gewiescht wier, esou déi zoustänneg Autoritéiten.

Back to Top
CIM LOGO