
Geschitt ass dëst dem Mupp Charlie e Sonndegowend an enger Rolltrap vun enger Metrosstatioun. Passanten hunn doropshin d’Rolltrap gestoppt an d’Pompjeeën alarméiert. Wärend d’Besëtzerin vum Charlie, déi ënner Schock stoung, betreit gouf, konnt de Mupp aus senger mësslecher Situatioun befreit ginn.
Him ass näischt weider geschitt. Nodeems e befreit gouf, konnt de Charlie mat senger Besëtzerin nees heem.
