
Dat 15 Joer aalt Famke ass de 15. Mäerz vun engem Schëff an d’Musel gesprongen, tëschent Sankt Aldegund a Wintrich an Däitschland, a war zanterdeem als vermësst gemellt. De Cocker-Spaniel ass de Mëttwoch no enger zwielef Deeg laanger Sich vun Touriste vun engem Camping op enger Insel bei Zell fonnt ginn.
Nodeems d’Touristen d’Waasserschutzpolice geruff hunn, hunn d’Pompjeeën den Hond vun der Insel gerett. Dat gesond Famke gouf bei den Déierendokter fir eng Kontroll geschéckt a bleift bei de lokale Pompjeeën, bis datt de Proprietär et siche kënnt.