Trauregt Enn a BayernHond pisst géint Luuchtepotto a stierft u Stroumschlag

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass de Virfall zu Schwarzenbach an der Saale.
© LARS PENNING DPAdpa Picture-Alliance via AFP

Wéi d’Police zu Bayreuth en Dënschdeg matdeelt, ass d’Déier direkt gestuerwen. D’Ermëttlungen hunn erginn, dass en techneschen Defekt de Grond fir den déidleche Stroumschlag e Sonndeg den Owend war. An der Luucht selwer gouf et e Kuerzschloss.

Wéi et genee dozou komme konnt, géif elo gepréift ginn. An der Stad selwer gouf d’Iwwerpréiwung vun iwwer 400 änleche Luuchten ordonéiert. Aus Sécherheetsgrënn goufen alleguerten d’Stroosseluuchte elo mol vum Netz geholl, bis alles kontrolléiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO