
Vill Destinatiounen eegene sech perfekt fir eng “Waukanz”, also eng gemeinsam Vakanz mam Déier. Allerdéngs ginn et eng Partie Grënn, wisou et kéint besser sinn, de Flocki doheem ze loossen. Kranken oder eeleren Hënn mécht een net onbedéngt e Gefale mat enger laanger Rees. Leit, déi hire Mupp temporär enzwousch ënnerbréngen, sinn also net automatesch - wéi een esou schéin op Däitsch seet - “Rabeneltern”. Deene meeschten Hondsbesëtzer läit wuel näischt méi um Häerz, wéi ze wëssen, dass hiert Déier optimal betreit gëtt. Eng bis zwou Wochen ouni Meeschter bedeiten automatesch Stress fir d’Déier. Ideal ass et, fir den Hond bei Mënschen ënnerzebréngen, déi e gutt kennt a bei deenen en net ze kuerz kënnt. Ma net jiddereen huet d’Méiglechkeet, op Frënn oder Famill zeréckzegräifen, dofir mussen aner Léisungen hier. Eng praktesch Alternativ kënnen “Dogsitter” oder Hondspensioune sinn.
Op de leschte Stëppel esou eng Plaz fir de Flocki ze fannen ass allerdéngs net ëmmer einfach. Grad fir d’Schoulvakanzen, besonnesch fir d’Summervakanz, réit d’Amandine vun der Petsitting SARL de Leit, véier bis sechs Méint am Viraus ze reservéieren. D’Nofro wier nämlech grouss. Fir dëse Summer hat si nach siwe Plaze fir nei Clientë fräi, fir d’Chrëschtvakanz a fënnef Méint ass si schonn ausgebucht. Ausserdeem betreit si keen Hond, dee si net am Virfeld kennegeléiert huet. “D’Leit musse mat hire Muppen heihinner kommen. Da muss ech kucken, ob den Hond an de Ruddel passt. Ech muss kucken, ob hien net fäert oder panikéiert mat den Hënn ronderëm. Et muss schonn en Hond sinn, deen et gewinnt ass, e Sozialliewen ze hunn”, erkläert d’Amandine. Eng weider Bedéngung ass, dass de Ritt kastréiert ass. Net steriliséiert Muddere kënne bei hir ënnerdaach kommen, awer net wärenddeem se leefeg sinn. Dat géing de ganze Ruddel ze vill opdréien.

Den Alter a Gesondheetszoustand si weider wichteg Krittäre bei der Fro, ob e Mupp bei der Petsitting SARL kann ënnerkommen. D’Fellnuese mussen op d’mannst véier Méint hunn, well se an deem Alter normalerweis komplett geimpft sinn. Wat en Hond méi fréi an eng Déierepensioun kënnt, wat besser fir d’Déier, well et him sou méi liicht fält sech z’adaptéieren, sou d’Amandine. Bei erwuessenen Hënn dauert et méi laang, well si scho méi Gewunnechte vun doheem hunn. D’Upassung fält hinnen deemno e bësse méi schwéier. No uewe gëtt et bei hir keng Altersgrenz, si versuergt och Senioren am Alter vun 10 oder 11 Joer. Allerdéngs zitt si beim gesondheetlechen Zoustand eng Grenz. “Wann en Hond elo zum Beispill wierklech schwaach a krank ass. Ech ka mir net gutt virstellen, hien an der Mëtt vun engem aktive Ruddel wärend zwou Wochen ze halen. Dat wier eng richteg Qual fir en Hond, well et si Welpen, déi géingen op hien eropsprangen oder hien net mat Rou loossen. Dat wier keng Alternativ”, betount d’Proprietärin vun der Petsitting SARL.
Och mat Bléck op den zäitlechen Opwand kéint si engem kranken Déier an hirer Déierepensioun net gerecht ginn. Hei wier e Petsitter eng besser Alternativ, dee sech just ëm een, maximal zwee Hënn këmmert an hire Bedürfnisser besser nogoe kann. Zu Lëtzebuerg ginn et eng Partie Associatiounen, déi dat maachen. Déi eng privat Persoune passe bei de Clienten doheem op de Véierbeener op, fir hien net aus sengem gewinnten Ëmfeld erauszehuelen, anerer versuergen de Flocki an den eegene véier Wänn, bis d’Famill zeréck aus der Vakanz ass. Hei muss een allerdéngs gutt oppassen, wiem ee säin Hond schlussendlech uvertraut. Grad am Internet ginn et vill “schwaarz Schof”, déi esou Servicer ubidden, ouni ugemellt oder verséchert ze sinn. Dofir den Appell vum Amandine, sech am Virfeld gutt ze renseignéieren. Grad wéinst dem Käschtepunkt gräife verschidde Leit op Onprofessioneller zeréck. “Déi zwee lescht Joer wollte vill Leit eppes gutt maachen, Déieren adoptéieren, ouni méi wäit ze iwwerleeën. An elo, wann Dir eng Pensioun frot, an déi soen: Dir musst 30, 40 oder 50 Euro den Dag bezuelen, da soen déi: Mee ech ginn zwou Wochen an d’Vakanz... Déi Leit sichen dann eng Alternativ bei private Leit. Déi wäerte vläicht 15 oder 20 Euro froen. Dat ass e groussen Ënnerscheed vum Präis.” Grousse Luef gëtt et dowéinst vum Amandine fir déijéineg, déi si virun enger Adoptioun uruffen, sech Gedanken iwwert d’Ënnerbrénge vum Déier maachen an no de Konditiounen a Präisser froen.
E grousse Problem zu Lëtzebuerg ass, dass vill Déierepensiounen an der Lescht hir Diere wéinst Corona hu missen zoumaachen, well se d’Kris net iwwerstanen hunn. Et ass eng Katastroph, betount d’Proprietärin vun der Petsitting SARL. Vill Leit musse bis an Däitschland, Frankräich oder an d’Belsch fueren, fir iwwerhaapt nach eng Plaz ze fannen.
attachment id="86032430" __caption="(2)Petsitting SARL Copyright ‚lisbethganerphotography’”]
An der Déierepensioun zu Ouljen kënne bis zu 10 Muppe gläichzäiteg betreit ginn, entweder just daagsiwwer an der Crèche oder och iwwer Nuecht. Méi wéi 10 Hënn hëlt d’Amandine net un, well soss Zwinger gesetzlech Flicht wieren. Bei hir lafen d’Véierbeener fräi am Gaart ronderëm. Domat ass et awer net gedoen. Tëscht 7 an 8 Auer moies bréngen d’Clienten, déi vun der Dagesbetreiung profitéieren, hir Déiere laanscht. Vun 8 bis 9.30 Auer steet Spillen a Lafen um Programm. Nom Austobe geet et dann a klenge Gruppe vu maximal véier Hënn op den Tour. Jee no Alter a Fitness geet d’Amandine 60 bis 90 Minutten den Dag mat hinnen trëppelen. Verschiddener dierfe fräi lafen, anerer mussen de ganze Spadséiergang un der Léngt bleiwen. Fir de Rescht vun der Band heescht et sou laang “sturmfreie Bude” a schlofen. Duerno ass nees gemeinsam Zäit ugesot. Fir d’Amandine ass et wichteg, dass sech d’Hënn wéi doheem fillen, grad wann hir Meeschtere fir 1-2 Wochen an der Vakanz sinn. Nom Fidderen hëlt d’Amandine d’Fellnuesen dowéinst mat an de Büro, wou se zesummen Tëlee kucken oder e Buch liesen. Iewescht Prioritéit ass d’Wuelbefanne vun den Déieren, fir dass hiren Openthalt eng Mëschung aus Vakanz a Wéi-doheem-fillen ass.
