
Wéi genee d’Hong op de Won koum, ass net gewosst. Wat awer sécher ass: de “Bug” ass ronn 20 Kilometer vun Hinesburg op Burlington matgefuer. Wéi et vun der Fra, déi d’Hong fonnt huet, heescht, wier d’Déier hir op der Maartplaz zu Burlington opgefall, wéi si grad do e Kaffi gedronk huet.
Fir dem “Bug” aus senger mësslecher Lag ze hëllefen, huet d’Lo Fasano sech him ugeholl a probéiert de Besëtzer ze fannen. Doropshin huet si Déierenheemer a Bauerenhäff aus der Géigend ugeruff - alles ouni Succès. An och d’Police huet hir just geäntwert, si wieren net zoustänneg fir Hénger.
Esou huet d’Lo Fasano de Vull mat heem geholl, him Fudder an eng Plaz fir Auszeroue ginn an huet dunn hir Sich an de soziale Medie gestart. Mat engem Facebook-Post huet si schlussendlech d’Famill vum “Bug” fonnt. Antëscht ass d’Hong erëm a sengem Doheem, ma den Numm “Bug” ass awer Geschicht. D’Hong heescht elo “Amelia” no der Amelia Earhart, der éischter Fra, déi eleng iwwert den Atlantik geflunn ass.